Realisatioun: Claude Lahr

De Jupp ass e Gourmang an e Gourmet an enger Persoun, well hien ësst gäre vill a gutt. Säin Alldag dréint sech an éischter Linn em Kachen an Iessen, an hien huet nawell d'Tendenz, mat de Quantitéiten liicht z'iwwerdreiwen. De Jupp kennt einfach keng Mooss. An dat wéi et schéngt ouni och nëmmen déi klengst Gewëssensbëss. Ëmmer gutt drop a voller Liewesfreed, e groussen Amateur vun Oper a Gesang, ass de Jupp virun allem en onverbesserleche Bon-Vivant deen anscheinend näischt dervun ofhale kann, säi Liewe sou ze liewen wéi et him gefält.

Iwwert de Claude Lahr...

No sengem Studium op der INSAS (Institut Supérieur des Arts du Spectacle et Techniques de Diffusion) zu Bréissel huet de Claude Lahr während 10 Joer als Regieassistent geschafft ier hien mat der Realisatioun ugefaang huet. Zënter hier huet hien eng Rei Dokumentarfilmer realiséiert, déi mat der lëtzebuerger Geschicht zesummenhänken, wéi Stol, Heim ins Reich (Lëtzebuerger Filmpräis 2005), Die Meister des Windes, SES The Satellite Company, … an och Filmer iwwert verschidden Themen fir de Sender ARTE. Hien huet ausserdeem eng Rei Episode fir d'Sitcom Weemseesdet realiséiert. Hien ass zënter 2006 President vum LARS (Lëtzebuerger Associatioun vun de Realisateuren a Scenaristen).