Réalisatioun: Ayshea Halliwell

De Bivers hire Joe, 26, huet méi Responsabilitéiten wéi déi meescht Jonker. Hien huet weder Weekender nach Vakanzen. Als Chef vu sengem Bauerenhaff zu Kielen kuckt de Joe, säi Betrib um Rullen ze halen.

Nieft senger Aarbecht als Gérant, Mécanicien, Comptabel a Vétérinaire, muss de Joe sech och nach duerch den extrem drëchene Summer schloen. Obwuel de Joe permanent ënner Drock steet, hëlt hien d'Liewen mat enger Schëpp Humor.

Iwwert d'Ayshea Halliwell

D'Ayshea Halliwell ass zu Duelem op der Mousel grouss ginn. Si ass hallef englesch, hallef tierkesch an huet zu London Realisatioun studéiert.

Si huet do ënner anerem der Grupp "Years & Years" hiren éischten Museksvideo gedréint, sou wéi zwou Saisonen vun der RTL Serie "Anne's Kitchen".