Réalisatioun: Govinda Van Maele

D'Carine schafft als Infirmière an der Ettelbrécker Klinik. Während engem Dag an enger Nuecht begleeden mir hatt an de Gäng vum Service Urgence, deem Deel vun der Klinik deen ni schléift.

"Wou deet et wéi?" bitt eis en ongewinnten Abléck an d'Liewe vum Lëtzebuerger unhand vu senge méi oder wéineger schlëmme Boboen, Accidenter an altersbedéngte Krankheeten.

Iwwert de Govinda Van Maele

De Govinda Van Maele, 1983 zu Lëtzebuerg gebuer, ass zanter 2003 an der lëtzebuerger Filmwelt täteg.

No e puer Joren als Assistent vum Pol Cruchten huet hien eng Rei Kuerzfilmer, dorënner deen 2012 mam Filmpräis ausgezeechenten "Dag am Fräien", souwéi den Documentaire "We Might As Well Fail" réaliséiert.

Säit 2014 hëlleft hien als Produzent fir LES FILMS FAUVES och Projete vun anere Réalisateuren z'entwéckelen.