Réalisatioun: Rui Eduardo Abreu

D'Shirley huet 17 Joer a lieft alleng mat senger Mamm an engem klengen Appartement. Hatt ass zanter 2 Joer zu Lëtzebuerg, a sicht e Sënn a sengem Liewen. Zanter kuerzem, mengt et dee fonnt ze hunn an der evangelescher Kierch vum Pater Roger. Ee staarke Personnage deen eng ganz gleeweg brasilianesch Communautéit unzitt.

Tëscht enger Mamm déi net oft do ass, an e Papp deen et quasi net kannt huet, lieft d'Shirley ganz leidenschaftlech no de Virschrëften vun der Bibel an de Rotschléi vum Pater Roger. Hatt versicht bei Gott déi Léift erëmzefannen déi em a sengem Liewe feelt. Ma säin Glawen gëtt op d'Prouf gestallt vu senge jugendlechen Instinkter, vun de Jongen déi ronderëm et dréien, an vun der Mamm déi der Kierch net traut.

Iwwert de Rui Eduardo Abreu

De Rui Eduardo Abreu ass gebuer 1981 a Portugal. No engem Studium an der Anthropologie huet hien zu Lussas op der Filmschoul e Master am Dokumentarfilm ofgeschloss. Während enger Rei Joren huet hien zu Paräis geschafft, wou hien Video-creatiounen fir den Theater realiséiert huet, a Cours'en an der "éducation à l'image" ginn huet.

Zesumme mam Thierry Besseling a Loïc Tanson huet hien den Dokumentar-Spillfilm "Eldorado" realiséiert. De Film erzielt d'Geschicht, vun den Hoffnungen an Enttäuschungen déi 4 lusophonen Immigranten iwwert eng Period vun 3 Joer zu Lëtzebuerg erliewen.