Réalisatioun: Thierry Besseling & Loïc Tanson

De Vënz ass ee 27 Joer ale Konschtstudent zu Berlin, dee wäit ewech vun der lëtzebuerger Klengkaréiertheet seng ganz eege Plaz fonnt huet.

Mee seng Wuerzelen bréngen hien ëmmer nees zréck a seng Heemecht a bäi seng Famill, déi sech mëttlerweil u säin néie Virnumm gewinnt huet.

Bis virun 2 Joer huet de Vënz nämlech nach Anna geheescht...

Iwwert de Thierry Besseling & Loïc Tanson

Den Thierry Besseling an de Loïc Tanson schaffen zanter siwe Joer zesummen. 2010 realiséieren si zu Lëtzebuerg hiren éischte Kuerzfilm Laaf. Dräi Joer drop dréien si Le Faux Départ am Burkina Faso.

Eldorado, deen si zesumme mam Rui Abreu realiséiert hunn, an an deem d’Hoffnungen an d’Desillusioune vu véier portugiseschen Immigréierten iwwert eng Period vun dräi Joer zu Lëtzebuerg dokumentéiert ginn, leeft zanter dem 16te Mäerz an de Kinoën.

Dëse Film ass an der Compétition documentaire vum Luxembourg City Film Festival sélectionnéiert ginn. Dëst Joer wäerten si hiren drëtte Kuerzfilm Sur Le Fil dréien.