Réalisatioun: Tom Alesch

D’Tania ass iwwerzeegt, dass mir probéiere mussen esou ze liewen, dass den negativen Impakt dee mir op eis Ëmwelt hunn, esou kleng wéi nëmme méiglech ass. Ënnert anerem wëll hatt op materiell Saache verzichten, déi him net wierklech wichteg schéngen. Mee d'Tania weess och, dass hatt grad wéi all Mënsch seng Limitten huet…

Iwwert den Tom Alesch

Den Tom Alesch koum iwwert d’Mataarbecht beim Radio a bei der Televisioun bei den Dokumentarfilm. Heen huet sech mat zäitgeschichtlechen Theme vum 20. Joerhonnert befaasst, zum Beispill mat dem obligatoresche Militärdéngscht zu Lëtzebuerg an „Ons Arméi“ (zesumme mam Cathy Richard) oder mat der lokaler Schiferindustrie a „bloe Steen“.

Donieft huet heen och Kënschtlerportraite realiséiert, ënnert anerem vum Moler Roger Bertemes, dem Filmpionnéier Philippe Schneider an zulescht, zesumme mam Anne Schiltz, vum Schrëftsteller Roger Manderscheid.