Réalisatioun: Eric Lamhène

De Vincent Thill ass mat senge 16 Joer ee vun de groussen Talenter am Lëtzebuerger Fussball. Hie verbréngt seng Woch am Centre de Formation vum FC Metz a geet och a Frankräich an de Lycée. Hie gesäit seng Famill wéineg, mee hie weess dass dat dozou gehéiert wann hie säin Ziel wëll erreechen: Profi am Ausland ginn. Dat ass säin groussen Dram, a seng Famill an hien schaffen all Dag drun fir dass dësen Dram an Erfëllung geet.

"Eng staark Equipe" begleet de Vincent a sengem Alldag als jonke Sportler, deen dobäi ass seng éischt Schrëtt um Wee zu engem professionelle Fussballspiller vun internationalem Niveau ze maachen.

Iwwert den Eric Lamhène

Den Eric Lamhène (gebuer 1983) huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach. Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer a lëtzebuerger Sprooch gedréit: “Lauschter” (2010), “Flou” (2012), “Gëff Eens” (2013) a “Serena” (2014).

Hien huet un der RTL-Sitcom “Comeback” matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Hien huet zesumme mam Jacques Molitor deem säi Spillfilm “Mammejong” geschriwwen. D’Serie “routwäissgro” ass säin éischten Exkurs an den Dokumentarfilm.