Réalisatioun: Michel Tereba

Mat senge 16 Joer weess de Lukas scho sécher datt hie spéider Literatur a Film studéiere wëll. Seng Frënn aus der Waldorfschoul ënnerstëtzen hien tatkräfteg dobäi, wéi hien, dacks no der Schoul, seng Filmer dréit. Iwwerhaapt maache si an an no der Schoul villes zesummen. Si féieren Diskussiounen iwwer Politik a geckse bei all Geleeënheet.

Mat senger Schwëster huet de Lukas zwee Doheemer well hier Eltere getrennt sinn. Hie genéisst et am ëffentlechen Transport ze pendelen. Mee trotz den Elteren hiren Differenzen, sinn si fir de Lukas an d'Hannah eng Famill bliwwen a kucken zesummen, jiddereen op seng Aart a Weis, wou d'Rees no der Schoul higoe soll.

Iwwert de Michel Tereba

De Michel Tereba ass zanter 1999 an der lëtzebuerger Filmwelt täteg. Nodeems en all d’Etappen vun de Filmaktivitéiten duerchgaangen ass, vun Toun iwwer Kamera a Montage, huet hien sech op Realisatioun a Schauspillerei spezialiséiert.

Vu Musikvideoen iwwer Fiktiounsfilmer (Zombie Film, De Bommeleeër, Date-Lech) huet hien säi Parcours mat Documentairen (D’Preise së rëm zréck – Alamo zu Cliärref).