Réalisatioun: Eric Lamhène

De Fernand Thill ass de President vum Crazy Crew M.C. (Motorcycle Club), engem Grupp vun haardgesottenen, tätowéierte Biker déi regelméisseg mat hire modifizéierten Chopperen duerch d’Land joen. Si liewen an enger Welt wou Männer nach Männer sinn, wou drénken a Partyen zum Alldag gehéieren, a wou d’Léift zur Maschinn dat ass wat se op éiweg matenee verbënnt.

“De Presi” begleet de Fernand a sengem Alldag a gëtt domadder een Abléck an eng Welt vu Männer, Maschinnen a Rock’n’Roll.

Iwwert den Eric Lamhène

Den Eric Lamhène (gebuer 1983) huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach. Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer a lëtzebuergescher Sprooch gedréit: “Lauschter” (2010), “Flou” (2012), “Gëff Eens” (2013) a “Serena” (2014).

Hien huet un der RTL-Sitcom “Comeback” matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Hien huet zesumme mam Jacques Molitor deem säi Spillfilm “Mammejong” geschriwwen. Fir déi éischt Saison vun der Serie “routwäissgro” huet hien zwou Episode realiséiert (“An engem anere Land” an “Eng staark Equipe”).