Réalisatioun: Thierry Besseling & Loïc Tanson

De Roger huet 68 Joer an ass zënter senger Gebuert blann. Säi Verhalt a säin Orientéierungssënn sinn aussergewéinlech gutt. An de leschten 32 Joer wor seng Aarbecht als Direkter vum Blannenheem säi ganzt Liewen. An e puer Méint geet de Roger awer an d'Pensioun, a verléisst domadder déi Plaz déi säin Alldag bis ewell strukturéiert huet, a sengem Liewen e Sënn ginn huet. Ma de Roger traut sech villes zou a bleift king. Dofir zéckt hien och net op den Dach vu sengem Haus ze klammen fir den Schaarschtech ze botzen...

En oppent Ouer (mat Audiodescriptioun)

Iwwert den Thierry Besseling & Loïc Tanson

Den Thierry Besseling an de Loïc Tanson schaffen zanter 8 Joer zesummen. 2010 realiséieren si zu Lëtzebuerg hiren éischte Kuerzfilm "Laaf". Dräi Joer drop dréien si "Le Faux Départ" am Burkina Faso. Iwwert eng Period vu 7 Joer hu si zesumme mam Rui Eduardo Abreu "Eldorado" realiséiert, an deem d’Hoffnungen an d’Desillusioune vu véier portugiseschen Immigréierten iwwert eng Period vun dräi Joer zu Lëtzebuerg dokumentéiert ginn. Dëst Joer fänkt hiren drëtte Kuerzfilm "Sur Le Fil" seng Festivalscarrière uerchtert Welt un.