Den Nicolas Havé huet zwee Street-Art-Kënschtler bei hirer Aventure begleet.

Eng Mauer, e Pinsel an zwee Kënschtler – fir de Raphael Gindt an den Daniel Mac Lloyd si grouss Street-Art- a Graffiti-Projeten näischt Aussergewéinleches. Wuel jiddereen huet schonn ee vun hire Konschtwierker op Lëtzebuerger Fassaden hei am Land gesinn. Ma dass déi Zwee elo d’Éier haten, hir Konscht um Cap Vert ze veréiwegen, war dann awer schonns eppes Besonnesches.

Erméiglecht huet dëst de Festival Sete Sois Sete Luas. Kënschtler aus 30 Stied an 13 Länner sinn hei vertrueden. Dass do och Lëtzebuerg derbäi ass, ass keng Iwwerraschung. Ëmmerhi gëtt et tëscht dem Cap Vert an dem Grand-Duché vill Relatiounen a gemeinsam Projeten.

Den Nicolas Havé huet déi zwee Street-Art-Kënschtler bei dëser Aventure begleet, déi wäit méi war wéi just d'Kreatioun vun e puer nei iwwerdimensionale Biller.