20 Kandidaten hu sech der Jury gestallt mat hiren neie Geschäfts-Iddien, mam Dram vun hirer neier Entreprise. D‘Jury hat hire Choix getraff an déi 9 Bescht koumen an Finall - 3 Kandidaten hunn d‘Success Story 2020 gewonnen.
Genee 12 Méint méi spéit geet RTL kucken, wat aus dësen 20 Kandidate ginn ass. Wou sinn hir Projeten drun? Ween huet seng Iddi a Realitéit ëmgesat? Ween huet dem Virus Stand gehalen? Ween huet dovunner profitéiert a wien ass ënnergaangen.
20 Kandidaten, 20 Existenzen, 20 Geschichten. Success Story hëlt Iech mat bei d'Emotiounen vu kreative Mënschen, déi de Wee vun der professioneller Onofhängegkeet gewielt hunn, de Wee vum Independant, deen net ëmmer einfach ass, besonnesch an dësen Zäiten!
Am Januar a Februar all Owend am Magazin op der Tëlé, 1 Kandidat, eng Geschicht!
Duerno och op RTL.lu an RTL Play.