2thTabs kënnt vun “Toothpaste Tablets”. Zännpasta a Form vun klenge Pëllen, déi an enger ecofrëndlecher Verpakung verkaf solle ginn.

Doriwwer eraus soll een och zou engem spéideren Zäitpunkt “Recharge” kafe kënnen. D'Iddi ass et, eppes géint de Plastik z'ënnerhuelen, aus deem jo déi klassesch Tübe vun Zännpasta bestinn. Tonneweis ginn där all Joer an d'Poubelle gepucht, an déi wéinegst Leit recycléiere se. Mat 2thtabs ass dëse Problem Vergaangenheet, genee wéi dee vun den Tüben, déi an der Wallis auslafen. De Produit soll ganz hei am Land produzéiert ginn, de Label “Made in Luxembourg” kréien, an dann de Wee an d'Ausland fannen. 2thTabs ass sécher ee vun den originellste Projete vun der Success Story 2020. Hannert dësem ambitiéise Projet stinn eng Mamm an hir Duechter, déi mat engem wierklech flotte Brand an enger professioneller Präsentatioun, d'Jury probéiere ze iwwerzeegen.

2th Tabs am Video

Reaktioune vun der Jury
De Casting virun der Jury
2thTabs am Portrait