"BIK-STABLE” ass e Vëlo an e Stänner! De Richard Edwards wëll e multifunktionellen Vëlo-Stänner entwéckelen an op de Maart bréngen.

E Stänner fir de Vëlo festzestrecken, deen an engems och e Picknick Dësch ass an eng Luetstatioun fir elektresch Vëloen. Ausserdeem solle nach weider praktesch Accessoiren integréiert sinn, wéi e Solar-Handy-Chargeur oder och nach eng Loftpompel. Et ass an enger Hisiicht e bësschen eng Pit-Stop-Statioun fir Vëloen.

Dem Inventeur seng Cliente wären Gemengen, Tourismus-Syndikater a Restauranten, Caféen a Geschäfter. Am Moment gëtt et just e selwer zesummegebauten Prototyp ouni Accessoiren. De passionéierten Hobby-Cyclist erwaart sech elo vum Optrëtt virun der "Success Story"-Jury, Hëllef a Conseil, an eventuell interesséiert Partner, déi him technesch oder finanziell kéinten hëllefen, fir e richtege Prototyp z'entwéckelen, deen och funktionéiert, fir duerno den europäesche Maart z'erueweren.

The Bik-Stable am Video

Reaktioune vun der Jury
Reaktioune vun der Jury
Casting virun der Jury
Casting virun der Jury