Sécher ee vun den originellste Projeten aus der Editioun 2020. D'Jacqueline wëll en Ausbildungszentrum maache fir Hënn mat gudden Nuesen.

En Hond kann zum Beispill Réikitze richen, fir dass se net vum Trakter iwwerrannt ginn. En Hond kann awer och mat senger Nues Eichenprozessionsspinner oder aner kleng schiedlech Saache sichen a fannen. E kann och Jakobskräizkraut an enger Wiss fannen, dat héich gëfteg ass fir Päerd. Hënn kéinten am Prinzip esouguer Krankheete wéi Kriibs richen. Mat dësem Projet wëll déi geschwënn pensionéiert Chimistin hirer Pensioun e Sënn an Zil ginn, dat awer och fir Clientë wichteg Zwecker kann erfëllen.

D'Spürnasenarbeit am Video

De Wackelkandidat "Spürnasenarbeit" eng zweete kéier virun der Jury.
Reaktioune vun der Jury
Casting virun der Jury
Backstage: D'Opreegung virum Casting
Portrait: Jacqueline a Maisy an hirem Alldag