Spillplaz.lu ass eng Applikatioun fir Elteren, Grousselteren, Crèchen, Schoulen oder d’Kanner selwer. Iwwer si kann een all Spillplazen hei am Land fannen.

Mat Hëllef vun engem Filter-System kann een all méiglech Informatiounen iwwer Spillplaze fannen. Et gëtt ee gewuer, wéi eng Spiller do sinn, fir wéi een Alter, ob et Park-Méiglechkeeten an der Géigend gëtt oder esouguer Restauranten oder aner Geschäfter. Dëst ass awer nëmmen den Ufank vun der Applikatioun, well si wäert sech ganz séier op aner kannerfrëndlech Informatioune spezialiséieren. Geschwë kann een do och all aner Kanneraktivitéite fannen an iwwert en Agenda wäert een ëmmer beschtens informéiert sinn, wat, wéini, fir wéi eng Kanner, wou am Land eppes leeft. Spillplaz.lu wëll an e puer Joer d'Kanner-App Nummer 1 hei am Land sinn, a wie weess, villäicht esouguer am Ausland.

Spillplaz.LU am Video

Reaktioune vun der Jury
De Casting virun der Jury
Sina spillt Theater ;-)