Triana wëll e soziale Projet an d'Welt ruffen, bei deem sech alles ëm de Kaf a Verkaf vu Second-hand-Kleeder an aner Artikele fir Kanner dréit.

Secondhand4Kids ass oppe fir all Virschléi vun neien Ideeën a Konzepter, déi d'Kreeslaf-Wiertschaft weider bréngen, déi Ressourcë vun der Natur schounen, fir onse Planéit ze retten. Dem Triana säi sozio-edukative Projet soll och Mënschen zesummenzebréngen a laang Zäit Chômeuren erëm Perspektive bidden. An enger éischter Phas wëll déi jonk Geschäftsfra eleng mat hirer Camionnette bei Leit fueren, fir Second-hand-Saachen ze kafen an ze verkafen.

Secondhand4Kids am Video

Wat seet Jury? E strengt awer gerecht Uerteel!
Wat heescht KASECHA? Dem Triana Hilgersom säi Casting virun der Jury

De Referenz Video

Second Hand 4 Kids Campagne