De Philippe an de Nicky, 2 Studenten, hunn nawell eng originell Applikatioun entwéckelt.

Et geet drëm fir ze spueren. Wéi funktionéiert dat? Si setzen op hir Säit Offere vu Betriber, déi bereet sinn, den User e Rabatt op hir Produiten oder hir Zerwisser unzebidden. E Coiffer kann do zum Beispill 10 % op eng Coupe ginn, e Pneue-Händler méi bëlleg Wanterpneuen an e Restaurant kann zum Beispill e gratis Dessert ubidden. D'User musse fir de Rabatt ze kréien op der Rabattolux-Applikatioun oder ob hirem Site Quizfroe beäntweren, déi a Relatioun sti mat der respektiver Entreprise. Fir d'Äntwerten ze fannen, ginn d'User sech op d'Homepage vun der Entreprise informéieren, wat fir déi dann och eng Pub ass. Et ass eng Win-Win-Win-Situatioun fir Geschäftsleit, User an och fir RabattoLux.

RabattoLux am Video

De Wackelkandidat "RabattoLux" eng zweete kéier virun der Jury.
Reaktioune vun der Jury
De Casting virun der Jury
De Portrait