De Cedric ass der Meenung, dass Lëtzebuerg eng nei Plaz brauch. Eng Plaz ouni Hektik a Stress a wou 6 Kaze fir Rou a Gläichgewiicht suergen.

Dofir wëll hien e Kaze-Café opmaachen, wou d'Déieren Här a Meeschter sinn a mir Mënschen nëmme Visiteuren. De Kaazepalais awer soll nach méi bidden. E Yoga- a Meditatiounsraum, Kuschel-Workshoppen, Theater Coursen, an eng Mediatioun- a Konflikt-Berodung-Ulafstell. Eng Plaz, wou Kaze fir Rou a Fridde suergen. Niewebäi soll dann och nach am Kaazepalais vegan Iessen zerwéiert ginn.

De Kaazepalais am Video

Wat sot d’Jury zum Projet Kaazepalais
De Casting virun der Jury