Unisex Kleeder fir Fra a Mann.

Déi jonk Designerin Flavia Carbonetti huet am Mäerz 2018 hier nei Kleeder-Linn erausbruecht, wou de Wäert op der Kreeslafwirtschaft läit, an déi mat nohaltege Stoffer fabrizéiert gëtt. Dës Kollektioun fokusséiert ob “Unisex”-Kleeder déi souwuel fir Fra wéi de Mann geduecht sinn. Produktioun gëtt tëschent Lëtzebuerg an Italien gemaach, wat dann och en aarbechtsrechtleche Garant ass. Kollektioun leet éischter Wäert op Qualitéit, wéi op Quantitéit, a viséiert éischter eng Clientèle, déi Suen huet, an e kritesche Geescht géigeniwwer dem Ëmweltschutz, der Transparenz an der Nohaltegkeet. Dem Flavia seng Success Story wär, e Stand ob der “Fashionweek” zu Paräis ze kréien, fir seng Summer Kollektioun 2021, als Sprangbriet op den internationalen Maart.

Einfühlung am Video

Reaktioune vun der Jury
Reaktioune vun der Jury
Casting virun der Jury
De Casting virun der Jury
Portrait Einfühlung (vun RTL Today)
D'Kolleege vun RTL Today hu sech mat der Kandidatin vun der Success-Story auserneegesat.