
De Sylvain, e Gemengenaarbechter, an “Tita”, seng indonesesch Fra, wëllen den éischten indonesesche Foodtruck op déi Lëtzebuerger Stroosse bréngen.
Niewent dem Truck soll och e Catering-Service dofir suergen, fir déi indonesesch Kichen an och d'Kultur hei am Land méi bekannt ze maachen. Déi sympathesch Koppel, déi zënter 9 Joer bestuet ass, ergänzt sech perfekt. Wärenddeem de Sylvain méi den organisatoreschen a finanziellen Deel an d'Hand hëlt, këmmert sech “Tita” ëm alles, wat an der Kiche leeft an zaubert mat vill Geschéck ganz aussergewéinlech Plate vu Fleesch bis och vegetaresch a vegan.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Reiskocher am Video
Wat sot d’Jury zum Projet Reiskocher
De Casting virun der Jury
Beim Tita a beim Sylvain privat doheem
De Referenz Video
Private Video: Presentatioun vum Reiskocher
Am meeschte gelies