De Ben huet 12 Joer als Software Entwéckler geschafft, an huet sech elo selbststänneg gemaach.

Säi Projet ass et: eng Kalenner Applicatioun eraus ze bréngen. Déi kann een mat Mataarbechter, Kollegen oder der Famill deelen. Et sicht een  einfach eng Persoun an der App, an dann kann een  ganz gezielt astellen, wien, wat, wéini gesäit. D' Applicatioun kritt och en integréierten Doodle, sou dass et ganz einfach gëtt en idealen Dag ze fannen wou jiddereen Zäit huet. D ‘Applicatioun kann och fir  Aarbechter a Patronen interessant sinn.  Et ass  egal op een “IPhone” oder “Android” Benotzer ass, déi 2 Systemer sinn compatibel. Wann een enger Firma bäitrëtt, da kënnen ee weider Funktionalitéiten fräi geschalt kréien, wei zum Beispill, d ‘Ufro vu Congéen . Den Patron gëtt informéiert, an kann dann direkt zou oder ofsoen, wat een dann direkt iwwer d'Applicatioun matgedeelt kritt. Als Patron huet een och Méiglechkeet, je no “Besoin”, weider Funktionalitéiten oder Extensiounen ze kafen.

Ceasy am Video

De Wackelkandidat "Ceasy" eng zweete kéier virun der Jury.
Jury iwwer CEASY
Casting virun der Jury
Dem Ben säi Virstellung s Video