Dem Jerry Wagner säi Projet gëtt et schonn zënter leschtem November, awer hie wëll elo seng Marque “Apothecary” méi bekannt maachen an ausbreeden.

Säi Produit: eng Varietéit vu kal gepresste Bio-Jusen aus lokalen a regionale Produiten, aus saisonalem Uebst a Geméis, dat all Dag frësch gepresst gëtt. D’Gamme gëtt iwwert d'Joer ëmmer erëm adaptéiert, dat ofhängeg vun der Saison. Seng Juse kritt een an 33 Zentiliter Fläschen, sou wéi och a klengen Shotten. Säin Produit existéiert den Ament schonn um Marché, an den éischten Apothecary Shop ass an der City Concorde um éischte Stack. Elo gëllt et, de Produit a ganz Lëtzebuerg bekannt ze maachen an ze verkafen. Eng weider Iddi vum Jerry ass et,  fir seng Jusen an Automaten a Büro Gebaier ze verkafen, nom Moto: “Gesond Personal schafft ebe besser”.

Apothecary am Video

De Wackelkandidat "Apothecary" eng zweete kéier virun der Jury.
Reaktioune vun der Jury
De Casting virun der Jury
De Jerry, e Frënd vun Natierleche Saachen!

De Referenz Video

Den éischten Apothecary Shop