Iwwer d'Ernierung eraus, sou de Motto vum Yves sengen Iessergänzungsmëttel.

Dem Yves Schmit seng Firma steet fir d'Entwécklung an d'Hierstellung vun natierlechen an innovative Liewensmëttelzousaz Produkter an enger transparenter Aart a Weis. Seng Mixture sinn op veganer Basis a si adresséiere sech un Clienten, fir déi eng gesond Ernierung wichteg ass, an déi e gesonde Lifestyle an de Mëttelpunkt setzen. D'Firma gëtt et schonn zënter 2018 a mëttlerweil vermaart se scho sou 4 verschidde Produkter. Seng Cliente sicht den Yves iwwer Amazon a säi Produit wëll hien iwwer déi sozial Medie bekannt maachen. Beyond Nutrition wëll sech als éischte Lëtzebuerger Firma an deem Beräich bekannt maachen an de jonken Entrepreneur wëll domat och op Villsäitegkeet vun de Lëtzebuerger Startuppen opmierksam maachen.

Beyond Nutrition am Video

Jury iwwer Beyond Nutrition
Casting virun der Jury