Relax a Cool Ambiance direkt um Shared Space

Matten a Bartreng – um Kräizpunkt vun 3 Stroossen leit eng Terrasse déi e bësse wi e Magnéit wierkt. A matten dran ass dee Mann deen d’Leit unzezéie weess. De Jan Schneidewind deen dëst Joer op der Terrass vum B13 sou richteg déck opleet.

D’Spezialitéit vum Summer, dat sinn Tapas à gogo, déi hei op der Terrass à la minute zoubereet ginn an déi een nobestelle kann soulaang den Honger et packt. Homard an Scampi mat Meloun z.B. oder firwat net Boeuf Thailandais. Der Fantasie vum Kach sinn op alle Fall keng Grenze gesat. A fir dat Ganzt nach méi lackeleg ze maachen ginn di vill Knabbereien a Konserven zerwéiert. Ween et gär méi zolidd hätt, dee kritt awer hei awer och z.B. eng säfteg Côte à l’os am Smoker preparéiert. E super relaxe Kader, wou een herrlech kleng Platen zerwéiert kritt, wou een awer och nëmmen einfach eng kleng Coupe genéissen an e bëssen e Feeling vu Côte d’Azur erliewe kann.

B13 Brasserie-Bar
13 Beim Schlass
L-8058 Bertrange

Tel: +352 27 32 41 41