Den Terrassentour féiert eis dës Kéier an den Osten, an eis Lëtzebuerger Wäiregioun. Zweet Statioun ass d’Terrass vum Bistro Quai zu Gréiwemaacher.

Op dëser Terrass, mat direkter Vue op d’Musel, kënnen eng 60 Leit Plaz huelen. D’Kaart, mat Lëtzebuerger a Franséischer Kichen, gëtt all 6 Méint gewiesselt. Mat ronn 30 Platen, an elo am Summer verschiddenen Zaloten, gëtt een awer besonnesch mat Menüe vum Grill extra verwinnt. D'Präislag läit hei tëscht 18 a 35 Euro.

Ma net nëmmen op kulinareschem Niveau huet de Restaurant zu Gréiwemaacher eppes ze bidden. Houfreg ass een op d'Handy-Box. Déi Clienten, déi ze vill op hirem Telefon sinn, kréien dës Box zur Verfügung gestallt. D'Leit solle fräi am Kapp sinn an den Handy gëtt gutt versuergt.

Ass et virun allem déi schéi Vue, déi d'Leit appreciéieren, sou huet de Bistro Quai nach e klenge Extra-Plus a Form vun engem grousse Parking an enger Spillplaz. D’Kanner fannen dann och speziell Platen fir si op der Menüskaart. A wann d'Kanner bis sat sinn a sech op der Spillplaz ameséieren, kënnen d'Elteren nach gemittlech e Cocktail zesumme genéissen. Hei ass besonnesch de "Sex on the River" ze recommandéieren, nëmmen eng vun de Spezialitéite vum Haus.

Dënschdes ass de Restaurant zou, mä déi aner Deeg vun der Woch kann een hei tëscht 11 Auer a Mëtternuecht dës flott Terrass genéissen.

Bistro Quai
3, Route du Vin
L-6794 Grevenmacher

Tel: +352 24 55 87 75
E-Mail: info@quai.lu