Eng vun den neisten Terrassen am Land fënnt een zu Hesper, am Neibau direkt nieft der Gemeng. Den 1. August 2018 huet de Restaurant Hesper Park opgemaach.

De Jan Schneidewind, e bekannte Gesiicht an der Lëtzebuerger Gastronomiezeen, huet déi ëffentlech Ausschreiwung fir dësen Espace gewonnen. Zesumme mam Bruno Gosset, dem Gerant vun dem Restaurant, huet hien e Konzept ausgeschafft.

Eng pädagogesch a nohalteg Kiche steet am Virdergrond. Lokal, Bio a Fairgehandelt Produite gi verschafft. Et setzt een op eng modern Kichen, ma och traditionell Platen sinn ënnert den 20 op der Kaart ze fannen. 7 Deeg op 7 kann een heihinner mëttes an owes iesse kommen.

Hesper Park
476, route de Thionville
L-5890 Hesper

Tel: +352 28 57 33
E-Mail: info@hesperpark.lu