Wat gëtt et am Mëllerdall z’entdecken? A wéi geet et den Hotelieren déi schro vun den Iwwerschwemmunge getraff goufen haut?

Reportage: Trail duerch de Mëllerdall

En absolutten “Must” fir all Trëppel Frënd

Wie schéi Géigenden a wonnerschéin Aussiichte genéisse wëllt, dee brauch net wäit ze fueren. Den ORT Mëllerdall bitt engem niewent villen Aktivitéiten och 3 Trail’en un , wou een tëschent 30 a 60 Kilometer duerch wonnerschéin a beandrockend Landschaften trëppele kann. Bierg op, Bierg of, belount gëtt een duerch déi schéin Natur, déi een dobäi entdeckt. Eng Outdoor-Aktivitéit déi sécher dat eent oder anert Häerz méi héich schloe léisst a wann et och nëmmen duerch d'Ustrengung ass.

Reportage: Spueren aus der Vergaangenheet

Op Entdeckungsrees an der Keltenhiel bei Bäerdref

Bekannt ass de Mëllerdall natierlech och wéinst sengen Hielen. Eng dovun ass d’Keltenhiel. Eng Hiel an déi een am Fong einfach era kënnt. Wann een den Agank bis fonnt huet. Den Olivier Catani hëlt eis mat ënnert de Buedem vum Mëllerdall.