Am “Vakanz Doheem” melle mer eis Live vun Iechternach.

Zesumme mam Maxime Bender aus dem Trifolion maache mer den Ausbléck op den Echterlive, mir léieren awer och eppes iwwert d’Geschicht vun där Stad kennen an mir stellen Iech de Georges Krack a seng Passioun vir!

Reportage: Op de Spueren vum Henri Tudor

Vill Leit wesse net dass Iechternach di éischt Stadt am Land war mat enger elektrescher Stroossebeliichtung. Schon 1886, ganzer 19 Joer ir de groussherzogleche Palais an der Stadt seng éischt Steckdous hat.

Et war d'Wierk vun engem Tüftler aus engem Nopeschduerf. Den Henri Tudor vu Rouspert, de Pionnéier vun der moderner Batterie. Vu Rouspert aus gouf eng ganz Industrie gebuer. De Pascal Becker op de Spuren vum Henri Tudor.

Reportage: Vum Proff zum Guide

Dem Georges Krack seng Passioun ass zu senger Beschäftegung an der Pensioun ginn. Seng “Wine Tours” komme bei Lëtzebuerger an auslänneschen Touristen un.