Vakanz Doheem
Episod 5: Rëmerschen: Natur, Architektur an interessant Personnagen
Haut geet et am Vakanz doheem op d'Plage, an zwar déi bei d'Baggerweieren.
Ma nieft der erhuelsamer Natur huet Rëmerschen och soss munches ze bidden. Mir léieren Personnagen an d'Regioun selwer haut e bëssen besser kennen.
Reportage: François Valentiny: e Rëmerscher Architekt deen sech weltwäit en Numm gemaach huet
Een bekannten Personnage vun onser Destinatioun um Freide ass den Architekt François Valentiny. Hien ass hei zu Rëmersche gebuer, lieft a schafft hei. An hien huet och vill dozou bäigedroen, datt et zu Rëmerschen esou ausgesäit, wéi mir et haut erliewe kënnen. Mir waren de François Valentiny hei a seng Heemecht besichen an hunn mat him iwwer seng Projeten geschwat.
Am meeschte gelies