E Liewen am Van, dat geet och zu Lëtzebuerg a wéi schéin dat ass weisen eis “Pataschasworld” haut am “Vakanz Doheem”, Live aus dem Dall vun de 7 Schlässer.

A mir testen och mat de Podcaster vun “Hei Elei, Lauschter Lo” , dem Ben Olinger an dem David Winter eng méi aussergewéinlech Summeraktivitéit

Reportage: Podcaster testen Aktivitéiten: bei den Alpakaen zu Huewel

De Ben an den David vum Podcast “hei elei lauschter lo” goufen an de wëlle Weste bestallt, fir eng Aktivitéit ze testen. Mat Alpakaen hate si net gerechent….

Reportage: Andréck aus dem Dall vun de 7 Schlässer

Zesumme mat “Pataschasworld” si mer eng vun de schéinste Strécken vu Lëtzebuerg ofgefuer.