“Vakanz Doheem” dëst Kéier Live vun där Plaz déi als Kulisse fir d’Serie “Capitani” genotzt gouf.

Mä Buerglënster huet nach vill méi ze bidden: ënnert anerem och de Café mat de meeschten Zapkrinn am Land.

Reportage: Café mat de meeschten Zapkrinn am Land

Bourglënster ass eent vun den 12 Dierfer aus der Gemeng Jonglënster. D’Leit déi hei wunnen soen “Ech wunnen an der Bourg”. Virun 2 Joer sinn 740 Awunner gezielt ginn. Eis Däitsch Noperen géingen soen “klein aber OHO”. Et ass nämlech net grouss mee hei gëtt et awer en Stärerestaurant an och de Café mat de meeschten Zapkrinn aus dem Land. D’Isabelle Henschen huet déi dräi Lëtzebuerger Getraff déi hier Passioun fir de Béier zur Geschäftsiddi gemaach hunn.