Dës Kéier huele mer Iech mat an de Norden, an eng Gemeng déi op villen Niveau eppes ze bidden huet, nämlech Cliärref.

Eis Invitéeën sinn d’Nadine Nicks (City Managerin) an de Bob Glod (Landjugend Cliärref). Mir waren awer och op Visite Guidée duerch Cliärref an weisen Iech wéi d’Liewen am Klouschter zu Cliärref ausgesäit.

Reportage: Visite Guidée duerch Cliärref

“The Family of man” vum Edward Steichen ass wuel eng vun de bekanntste Fotosausstellungen bei eis am Land – se ass souguer Weltbekannt, ëmmerhin zielt se zu den Unesco-Weltdokumentierwen. Vill Touristen a Lëtzebuerger kommen all Joer op Klierf, just fir déi Ausstellung. Ma dat ass awer net déi eenzegt Ausstellung fir déi et sech lount heihin ze kommen.D'Liz Heintz huet sech fir eis d'FRÄILIICHTGALERIE hei zu Klierf ugekuckt.

Reportage: E Liewen am Cliärrefer-Klouschter

D’Geschicht vun der Abbtei an d’Liewen vun de Pateren aus dem Klouschter, erziele mer Iech am Reportage