Schengen steet fir e grenzelost Europa a genee vun dëser symbolescher Plaz melle mer eis dës Kéier am “Vakanz Doheem”.

Mat dobäi, d’Monica Semedo als Invité an op zwee Podcaster waart eng spektakuläre Summer-Aktivitéit.

Reportage: Muselregioun vun uewen

Dass d'Muselregioun eng schéi Géigend ass, ass kee Geheimnis ma dass dat Ganzt nach vill méi schéin vun uewen ausgesäit, dovu kënnen sech haut de Yannick an d’Jill vum Podcast “Paus” iwwerzeegen. Di zwee goufen aus hirer Heemescht Diddeleng vun eis op Réimech bestallt fir eng Aktivitéit ze testen.