Et geet am "Vakanz doheem" an déi geheimnisvoll Géigend vum Fond de Gras.

Hei maache mer eng Zäitrees mam Zuch an eng Rees an d'Welt vum Steampunk.

Reportage: Train 1900

Et gi Saachen déi kann een kucken. A Saachen déi kann een erliewen. Am Minett Park am Fond-de-Gras kann een béides. Geschicht gesinn an eraklammen. Zanter Ufanks de 70er Jore restauréieren a bedreiwen Passionéierter aalt Eisebunnsmaterial, net nëmmen Zich, mee eng komplett Gare di emol d'Eiseminnen aus der Géigend zerwéiert huet.

Et ass nach Liewen an de Minnen

Direkt op der franséischer Grenz zu Hussigny goufen et emol bis zu 60 Dausend Kilometer ënnerierdesch Galerien.

Haut sinn d’Eise-Minnen all zou, an awer kënne Visiteuren dëst deelweis nach hautno erliewen.

Fotogalerie