1964 ass dësen Camping entstanen an e gouf no an no ëmmer rëm moderniséiert.

Haut bitt en nieft de 76 Stell- an Zeltplazen och 27 Holz-Chaleten an Safari-Zelter.

Nieft der Proximitéit zur Natur an der Stad Wolz mat den kulturellen Highlighten steet awer och de Sport hei am Mëttelpunkt. Nieft engem neien Skate- a Bikepark gëtt et eng Piscine, e Beach-Volley-Terrain, Spillplazen, Tennis a Petanque. E Camping deemno fir jiddereen.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo