Aus der Schlässerei vun den Gebridder Graace gouf elo en aussergewéinlechen Hotel matzen an der Stad.

Nieft der Entspanung steet hei déi innovativ Architektur an d’Ariichtung mat recuperéiertem Material am Mëttelpunkt. Am Zëmmer erlieft een eng cosy Atmosphäre an et entdeckt een vill kleng Detailer. Am Graace Hotel gëtt Ales mat Neiem verbonnen an dat ob eng „eco-friendly“ Aart a Weis.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo