D’Iddi, eng "Maison d’hôte" ze féieren, hat d‘Mureille an hire Mann scho laang.

Dëst Joer am Juni huet de Green and Breakfast seng Dieren zu Nidderpallen opgemaach. Am nei renovéierten Haus, wou si selwer och wunnen, empfänken si an den individuell ageriichten Zëmmer hir Gäscht. Fjord, Havilland oder Loca-Loco si just 3 Nimm vun de 6 Zëmmer, déi si ubidden. Beim Kaffi kritt ee regional Produiten zerwéiert an owes erwaart d’Gäscht eng "Table d’hôte", wou dem Mureille hire Mann kacht.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo