Zënter 2016 kann een zu Gréiwemaacher an engem vun de 27 Tierm, déi zur Festungsmauer ronderëm Gréiwemaacher gehéiert hunn, schlofen.

En Architekt vu Gréiwemaacher krut d’Aufgab, den alen Tuerm an eng Vakanzewunneng ze verwandelen. Elo verlount de Syndicat d’Initiative et de Tourisme vu Gréiwemaacher dës u bis zu 4 Leit. Op 3 Stäck fënnt een am renovéierten Tuerm, deen direkt am Zentrum vu Gréiwemaacher läit, eng Schlofkummer mat Buedzëmmer, Living mat Canapé-lit an eng equipéiert Kichen.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo