Op der Giewelsmillen um Camping du Nord begéint een e Mix aus Nostalgie a Modernem.

Den Traditiounscamping erfënnt sech nämlech grad nei a bitt nieft de 70 Stellplazen elo och originell hëlzen "Leaf-Chaleten" fir zwou Persounen un. Nieft de Better fënnt een hei och direkt dat néidegst, fir sech wuelzefillen. E Familljebetrib, deen op Natur an Harmonie setzt.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo