Bal 400 Joer al ass dat klengt Schlass zu Kënzeg, dat de Pascal Zimmer rezent an eng Maison d’Hôtes verwandelt huet.

Zanter ronn engem Mount kann een do an engem vun de 5 Zëmmer schlofen, déi no verschiddenen Themen ageriicht sinn. Eppes hu se awer gemeinsam: se sinn authentesch an aussergewéinlech.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo