Matzen am Naturpark Uewersauer kann een op dësem Camping, deen op eng laangjäreg Geschicht zeréckbléckt, d’Natur genéissen.

A 15 Minutten ass een zu Fouss beim Stauséi an eng ganz Partie Wanderweeër féiere laascht. Mat Zelt a Caravane ass ee wëllkomm, de Camping bitt awer och 6 verschidde Schlofméiglechkeeten un.

Et huet een ënnert anerem de Choix tëscht Fässer, Pods, Zirkuswon oder Kapitänshaus. De Camping gouf mam Eco-Label ausgezeechent, huet e klenge Shop mat Bio-Produiten a wëll an Zukunft nach méi an d’Nohaltegkeet investéieren.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo