Héich Plaffongen, Stuck a neo-barock Freske fënnt een an der “Villa des Dames” an der Fiels.

Dat 1917 gebauten Haus ass haut ee Bed&Breakfast, geféiert vum Martine Künzer a Mariella Malva. Gemittlech Salonen a véier retro-chic Kummere waarden op d’Clienten. Ee vun den Highlighten ass sécherlech de verwëllefte Wäikeller an deem ee romantesch Owender verbrénge kann. Wie sportlech aktiv wëll ginn, ka vu sëllege Wander- a Mountainbike-Weeër an der Géigend profitéieren.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo