Wat virun 30 Joer mat der Renovatioun vun enger aler Schéier ugefaangen huet, gouf iwwert d’Joren en Naturzentrum vu ronn 6 Hektar.

Nieft der Rou an der Natur, dréint sech hei alles ronderëm d’Planzen, d’Déieren an di al ländlech Beruffer. Ideal fir Famillen, déi d’Natur an d’Ëmwelt nach eng Kéier ganz nei wëllen zréckentdecken.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo