Zënter 1790 ginn am Haus vun der Auberge Rustique zu Beefort schonn Gäscht empfaangen.

Och de Victor Hugo soll emol hei iwwernuecht hunn. 200 Meter sinn et bis bei d’Buerg zu Beefort. Et ass eng Adress fir Geschichts- a Wanderfrënn, déi direkt nieft dem Hotel op eng ganz Rei un Wanderweeër kënne starten. Am Restaurant gëtt mat Geméis aus dem eegene Gaart geschafft an d’Cliente kënnen Äppeltaart a Kichelcher no hauseegenem Rezept genéissen.

Weider spannend Iwwernuechtungsméiglechkeeten hei am Land fannt der ënner: https://www.visitluxembourg.com/en/100thingstodo