Visite vun der ierfgroussherzoglecher Koppel zu Maacher (6.6.14)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi ierfgroussherzoglech Koppel wëllt sech e Bild maache vun där historescher Uertschaft un der Musel, déi 1252 d’Fräiheetscharta vum Lëtzebuerger Grof Hari V. krut an déi sech am Laf vun de Jorhonnerten zu enger moderner Stiedchen mat enger heemeleger Foussgängerzon a mat villen Attraktiounen, an engem Geschäfts- a Verwaltungszentrum orientéiert huet.
D’Visite stoung ënner dem Motto: „Maacher fréier an haut“.
Um 14.00 Auer gouf déi ierfgroussherzoglech Koppel virun der Gemeng ëmfaang.Bei guddem Wieder stoung e Spadséiergank duerch Maacher mat Statiounen um Prosteneek (Muselfénkelcher), op der Bréck, an der Syr (Rhäifränsch) an der Turgaass an am HPPA um Programm.