Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Donneschdeg goufen där Steng, iwwer déi een "trëllen" soll, zu Déifferdeng verluecht, e Freideg dunn zu Bieles.
Dir Dammen an Dir Hären, léif Invitéen alleguer, den Ëmstand, dass déi jonk Leit aus eisem Jugendhaus sech mat deem déifgräifenden Thema vun der Juddeverfolgung ausernee gesat hunn, huet och mech dozou beweegt, mech mam Sujet “Stolpersteen” a mat deem konkrete Fall vum Siegmund Koppel auserneen ze setzen.
Ech hu probéiert eng Äntwert op d’Fro ze fannen, wéi a ween dee Mann da war, deem mär haut hei deen 1. Stolpersteen an eiser Gemeng setzen. Ech muss so’en, dass dat net esou ganz evident ass, wëll een net einfach esou an engem Archiv de Liewenslaf vun engem Mënsch fënnt.
Et war wuel méiglech d’Famill Koppel, an enger Inscriptioun am Archiv erëmzefannen respektiv op verschidden Donnéeën ze stoussen, wat dat Haus betrëfft, wou dës däitsch Judde-Famill dra gewunnt huet.
D’Famill Koppel, dat war de Siegmund oder Sigismund, deem säi Schicksal bekannt ass an hei um Stolpersteen agravéiert ass. Heen ass wéi vill aner Leit hei den 10. Mee 1940 fortgelaf, koum an e Camp zu Drancy no bei Paräis a gouf deportéiert de 7. September 1942 an zu Auschwitz ëmbruecht.
Wat seng Fra Lina ubelaangt, hu mär just d’Informatioun fonnt, dass si net erëmkoum. Soss Detailer hu mär net vun hir. Den Yvan, wahrscheinlech hire Bouf, wier 1937 am Alter vu 15 Joer op Rodange geplënnert, méiglecherweis fir eng Léier als Metzler ze maachen. Iwwer säi weidert Lous wësse mär och näischt.
Dir gesitt hei op deenen 2 Fotoen, déi de François Komposch am Gemengenarchiv a Geschichtshaus “A Gadder” nieft anere Schrëftstécker, ausgegruewen huet, wéi dat Haus wou d’Famill Koppel dra gewunnt huet, ausgesinn huet virun 1940, also virum Krich. Déi eng Foto weist d’Haus wéi et deelweis zesumme gefall war, doduerch, dass den Noper säin Haus ëmgebaut respektiv ausgebaut huet an d’Fundamenter ze déif erausgeholl gi waren. Déi aner Foto weist dann dat intakt Haus mat de Ställ an enger Mëschtekaul virum Haus. Niewendru war eng Perch. Dës Strooss huet iwwregens déi Zäit “Bréckestrooss” geheescht.
Am Krich ass d’Haus vu Granate getraff a schwéier beschiedegt ginn, dëst vum Daach bis erof op de Rez-de-chaussée. Et war onbewunnbar an d’Gemeng huet et erëm an d’Rei sëtze gelooss, obwuel et hiert net war, fir de Präis vun 1196,43 Rm oder ëmgerechent 9.297,95 Frang an d’Gemeng huet dat Geld no villem Hin an Hir schlussendlech zréck kritt. Op all deene Schrëftstécker dozou steet nieft den Ënnerschrëften ëmmer “Heil Hitler”. - Impressionnant, muss ech so’en!
Mä de Siegmund Koppel, wat fir ee Mënsch war heen? Ech hu leider eréischt déi läscht Deeg Zäit gehat, fir dat eraus ze fannen. Wann een näischt Schrëftleches fënnt, da brauch een Zäitzeien. Déi ginn awer ëmmer méi rar. Ech hunn der 3 fonnt, déi déi Zäit Kanner oder Jugendlecher waren an nach méi oder manner präzis Erënnerungen hunn. Ech denken, dass ech eventuell nach Leit fonnt hätt, déi mär eppes hätte kinnten zielen, wann ech éischter dozou komm wier.
D’Madame Irène Schockmel-Federspiel, si wunnt haut an der Zolwerstrooss, hat 12 Joer, wéi de Krich ugoung. Hire Papp war Metzler an der Ieweschtgaass, also der G.-D. Charlottestrooss do uewen. Si huet den Siegmund Koppel, een éischter gouerege Mann, dee meeschtens ee Kostüm an een Hiem, ouni Krawatt, gedroen huet, oft doheem beim Papp an der Metzlerei begéint, wëll hee war Véihändler an huet hirem Papp Véi geliwwert. Si huet de Siegmund, deen déi Zäit ëm déi 50 war, als een einfache a bescheidene Mann beschriwwen, deen net räich war, dee fläisseg war, vill bei de Bauere agekéiert ass fir d’Véi ze begutachten an ze kafen a weider ze verkafen. Heen huet d’Véi ni laang gehal a wann dat awer noutwendeg war, da stoung et meeschtens am Stall oder op der Weed hei niewendrun, déi hien dofir gelount hat. Der Madame Federspiel hire Papp huet oft gesot: “Op de Koppel konnts de ëmmer zielen, wann s de eppes gebraucht hues an hee war korrekt a gerecht.”
Als jonkt Meedchen ass d’Irène Federspiel déi Säit an d’Bieles Postschoul gaang. Wa si dann heem goung, goung si ënnert där aler Bréck erduerch ( Erklärung Bréckesituatioun ). Da koum si hei laanscht an huet oft eng Kamell, en Apel oder eng Bir vum Siegmund kritt. D’Irène Schockmel-Federspiel kann haut leider net hei derbäi sinn, wéinst engem wichtege RV, dee si scho méi laang fir de Moie kritt huet. Si ass awer ganz frou iwwer dës Aktioun, op déi si scho laang gewaart huet.
De Fernand Wiltgen, hee war déi Zäit ëm déi 20 Joer al, kann haut och net derbäi sinn. Hee ka sech nëmme méi vague un “de Koppel”, wéi de Siegmund generell genannt gouf, erënneren, huet awer e puer Inscriptiounen erëmfonnt a sengen Notten an huet mech drop opmierksam gemaach, dass et am Gadder, Fotoe vum Haus Koppel giff ginn. De Fernand Wiltgen war ëmmer impressionéiert, wann heen dem Koppel nokucke konnt, wéi deen d’Kéi ofgetaascht huet, ier heen de Präis ma de Bauere verhandelt huet. Hie konnt och nach beriichten, dass de Koppel an de Grandgenet’s Jos , déi sech ëmmer gutt matenee verstan hunn, décke Kaméidi kritt haten, wéi de Giewel vum Stall wéinst dem Ëmbau agefall war. Dem Fernand war dann och nach a gudder Erënnerung, dass de Siegmund den 10. Mee 1940 extrem villes op säin Hand-Weenche gelueden hat, wéi si all fortgelaf sinn, ë.a. säi ganze Parzeläin aus der Kichen.
Deen 3. Zäitzeien, dee mär och nach eng Rei Elementer gezielt huet iwwer de Siegmund Koppel ass de Reutesch Gast, deen hei op 29 wunnt. Heen ass hei. Hien hat déi Zäit 11 Joer. Vun him weess ech, dass de Koppel ee gesellege Mënsch war, dee gären an der Wirtschaft um Eck, bei Reitesch, ee mat gepoutzt huet oder eng Partie Keele gespillt huet. De Siegmund hat och ee Sproch drop, dee sënngeméis ongeféier folgendes erëm ginn huet: “Kau’s du gerne gute Kuh, dann kehr bei Koppels ein...”. Eemol hat de Siegmund an der Tombola ee Schwäi gewonn; dat huet heen awer dunn als gudde Judd versicht géint anert Fleesch ze tauschen. Fir Ouschteren hunn déi jiddesch Leit misste matgieweg sinn, wëll dat zu hire Reliounspraktike gehéiert huet. D’Famill Koppel huet dann extra Brout gebak a verdeelt; allerdings huet dat deene mäschte Kanner zumindest, net esou gutt geschmaacht.
Wann d’Nopesch-Kanner awer eng Kommissioun fir d’Famill Koppel gemeet hunn, sinn et dofir 2 Sou ginn oder och emol 10 Sou, jee nodeem wéi gutt d’Geschäfter grad gelaf sinn. D’Lina Koppel war iwwregens eng Fra, déi sech net vill ausser Haus gewisen huet. Kuerz virum 10. Mee 1940 hat de Siegmund Koppel dem Gaston Reuter 5 Frang ginn, fir dass heen him seng Kéi sollt an eng Perch an d’Milliounlach dreiwen, wëll heen sech net méi getraut huet, sech selwer dobaussen opzehalen.
Säi Schwoer, deen am Brill ënnen an der Strooss, een Zëmmer iwwer engem Café hat, huet dem Koppel virgeschlo mat him an Amerika auszewanderen. De Koppel huet dat awer aus finanzielle Iwwerleeungen ofgeschlo,..... mam Resultat wat mär haut kënnen.
D’Miwwele vun der Famill Koppel waren am Sall hannert dem Café Reiter ofgestallt ginn, bis se konfiskéiert goufen. An enger "Nachweisung über das von Juden hinterlassene bewegliche und unbewegliche Vermögen" ass de Wäert vum Haus op 6500 Rm, vun de Miwwelen op 530 Rm a vun de 7 Kéi op 2100 Rm festgesat ginn. D’Kéi goufe schlussendlech awer net méi opgedriwwen.
D’Mamm vum Siegmund Koppel, eng Witfra, ass nach länger Zäit regelméisseg vu Gréiwemaacher erof op Bieles komm, fir ze kucken ob hire Siegmund nach net zréckkomm wär ...
Dat war et, wat ech konnt gewuer ginn. Ee grousse Merci nach eemol dem François Komposch fir seng Recherchen, dem Irène Schockmel-Federspiel, dem Fernand Wiltgen an dem Gaston Reuter fir hir Temoignagen. - Merci.