Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Pont Adolphe, gebaut no Pläng vum franséischen Ingenieur Paul Séjourné, gouf de 24. Juli 1903 fir de Verkéier fräi ginn - wat 100 Joer méi spéit mat engem "Brécke-Fest" grouss gefeiert gouf. Déi nach ëmmer "Nei Bréck" genannte Verbindung vun der Uewerstad mam Garer Quartier muss awer elo "gefléckt" ginn. Si huet uerg ënnert deem villen Trafic gelidden a muss och prett fir den Tram gemaach ginn. Nodeems eng Rëtsch Optiounen am Raum stoungen (eng Bréck direkt nieft der Bréck, eng zweet Bréck ë bëssi méi wäit ewech, en drëtten Arc nieft denen 2 bestehenden, eng zolitt Verbredderung vun der Bréck duerch méi e groussen Ofstand vun den zwee Arcen genee wéi och nach e spektakulären, awer wuel net ze realiséierende private Projet) gouf awer decidéiert, datt d'Bréck just liicht méi breet gemaach soll ginn - wat awer net verhënert, datt si restauréiert oder vill méi "reconstruéiert" muss ginn. An der Zäit hate Ministère des travaux publics a Ponts & Chaussées déi Aarbechten esou illustréiert.