Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Wéi de Fliger zu Bamyan lant, sti vill Männer um Fluchhafen, aarteg an enger Rei, e Begréissungskomitee.
Dat wier dach net néideg gewiescht, duecht ech mir, awer wéi sech erausstellt, hu si net op eis gewaart, mee op d'Vertriederin vu Bamyan am nationale Parlament zu Kabul, d'Madame Habiba Sarabi. Hire Mann rëselt déi vill Hänn, verschidde Männer ginn ëmäermelt a gekësst, d'Madame gréisst all Kéier mat engem dezente Grinsen. Ech stelle mech un d'Enn vun der Linn fir ze fotograféieren, Resultat, de Mann gëtt mir och d'Hand, d'Madame gréisst, Merci.