Champing an enger aler Kierch zu Fordwich bei Canterbury (Juni 2017)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
An der ganz aler Kierch St Mary the Virgin zu Fordwich (Kent), eng 5 Kilometer vu Canterbury ewech, kann ee schlofen, also "champen", wat ee mat "campéieren an enger Kierch", op Englesch "church", iwwersetze kéint.
Déi kleng Kierch, déi op d'11. an 12. Joerhonnert zeréckgeet, läit un engem klenge Floss, dem River Great Stour, ronderëm se luussen al Griewer aus dem Buedem. 1995 huet se hir Dieren als Kierch zougemaach, 1996 goung se an e Fong, den "Churches Conservation Trust", iwwer. An elo kann ee se net nëmme besichtegen, et kann een och an hir schlofen!
Fordwich gëllt iwwregens als "Britain's smallest town" ... an et ginn zwee Puben do :-)
Hei Fotoe vun enger Champing-Experienz am Juni 2017 vum Luc Marteling.